Iwwert d'Professorin
Ángels Sabaté Fontova
Ángels schafft zanter méi wéi 17 Joer als spuenesch Prof zu Letzebuerg.
Si huet cours'en gehalen fir Erwuessener vun verschiddenen europäeschen Institutiounen an Entreprisen, ausserdem huet si ville Privatschüler Stonnen ginn.
Si ass licenciée en philosophie et lettres vun der Universitéit Barcelona an huet un ville seminairen a cours'en fir Dozenten deelgehuel.
Sie schwätzt fléissend Lëtzebuergesch, Katalanesch a Franséisch.
Huelt un engem vun hire cours'en deel
Schreif dech an an e Privatcours um Lampertsbierg oder Ëmgéigend
Kleng Gruppen, gëeegent fir all Niveauen
Recommandatiounen
Josée Schaack
An dräi Joer huet si et fäerdeg bruecht datt ech zimlech gutt spuenesch schwetze kann. Well si eng ganz gedelleg Persoun ass, ass den enseignement ganz lëschteg an de Schüler spiirt sech net enner Drock. Aus dësem Grond kann ech si jidderengem
.. Liest méi doriwwer » matt rouegem Gewëssen weider recommandéieren.
Georgette Krier
Ech woer hir Schülerin wärend dräi Joer an ech erennere mech un eng ganz simpatesch, ganz léif Prof, déi hire Beruff immens gäer huet.Si konnt eng ganz relax Atmosfär an hirer Klass schafen, souguer wann si schwéier grammaire s exercicen er
.. Liest méi doriwwer »kläert huet.Si woer ëmmer gutt gelaunt, och dann, wann si den emploi vum subjontif dacks huet mussen widerhuelen.Mee si huet eis net nëmmen d'Grammaire erklärt, si huet eis och d'spuenesch Kultur , hir Gebräicher méi no bruecht.Ausserdem ass si eng ganz spaasseg Persoun, wouduerch si dem enseignement deen eeschten Aspekt ewech geholl huet, allerdengs ouni hiirt Zil ze vergiessen: de Leit spuenesch bäizebrengen.
A wärend ech déi puer Zeilen hei schreiwen, kréien ech rem Loscht , mech selwer namol anzeschreiwen.